Post on 07-Apr-2023
LEARN Newsletter 3 September, 2014
Learning Expertise And Research Network
ECCS a LUCET Fuerschungsunitéiten, Universitéit Lëtzebuerg
B.P.2 L-‐7201 Walferdange spezifesche Sproochentwécklungsstéierungen an Dyslexie,
Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET. D’Danielle ass drun intresséiert, wéi d’Zuelerepresentatiounen sech entwéckelen a wéi Zuele verschafft ginn an engem multilinguale Kontext.
Professeur op der Uni.lu. De Romain beschäftegt sech mat kognitive Prozesser am schoulesche Kontext. Hien ënnersicht och, wéi de sozio-‐demographeschen Hannergronn an d’Funktiounsweis vum Schoulsystem d’Léiere beaflossen.
Neuropsychologin an EEG-‐Expertin bei ECCS. D’Anne-‐Marie erfuerscht, wéi d’Opmierksamkeet perzeptiv a kognitiv Prozesser ka beaflossen a wéi en Afloss dëst op d’numeresch Kognitioun huet.
Kognitiv Entwécklungspsychologin bei LUCET. D’Sonja intresséiert sech fir d’Entwécklung an d’Léiere vum Liesen a Schreiwen, wéi och fir den Afloss vun der Sprooch op d’Veraarbechte vu mathematesche Prozesser an engem multilinguale Kontext.
Editioun 2014
!"#$% learning expertise and research network
Interkulturelle Wuertschaztest
Am Kader vun engem EU Projet (COST/Bi-‐SLI) hu mir, zesumme mat 34 anere Länner, e Wuertschaztest entwéckelt, mat deem de mono-‐ a multilinguale Kanner aus der Spillschoul hiert rezeptiivt an expressiivt Wuertwësse kann erfaasst ginn. Am Test gëtt de Kanner e Bild gewisen a si sollen et benennen, oder d’Kanner kréien e Wuert gesot a sollen dann op dat richtegt Bild vu véier méigleche weisen. E limitéierte Wuertschaz ass dacks ee vun den éischten Indikatore vun enger spezifescher Sproochentwécklungstéierung. Mir wëssen och, datt bei engem multilinguale Kand de Wuertschaz an enger vu senge Sproochen dacks liicht méi kleng ass wéi dee vun engem monolinguale Kand; wat awer ganz normal ass. E méisproochegt Kand muss an all senge Sprooche getest ginn, fir eng genee Iddi vu sengem Wuertwësse kënnen ze kréien. Et feelt awer leider u Sproochentester, déi spezifesch fir méisproocheg Kanner ausgeschafft goufen.
An dësem Projet goung et drëm, genee esou een Test ze entwéckelen. Déi linguistesch Charakteristike sinn an deene verschiddene Sprooche kontrolléiert, d’Biller goufen a 34 Länner validéiert a bis ewell gëtt et den Test an 21 Sproochen – dorënner och Lëtzebuergesch. Mir sinn elo derbäi, Norme fir Lëtzebuerg ze erhiewen, an hoffen, den Test de Leit um Terrain an noer Zukunft kënnen unzebidden. Weider Informatiounen iwwert dëse Projet fannt Dir op: http://www.bi-‐sli.org/
Kontakt: Pascale Engel de Abreu
Ech wëll mäi Kand gär méisproocheg erzéien -‐ Op wat soll ech oppassen?
D’Kand muss genuch Input a senge verschiddene Sprooche kréien duerch d’Interaktioun mat Mënschen an net alleng iwwert de Fernseh oder de Computer. Net onbedéngt d’Unzuel vun de Minutten, mee wéi d’Sprooch genotzt gëtt, ass wichteg. Et soll ee regelméisseg an an elaboréierte Sätz mat dem Kand schwätzen, d’Sprooch a verschiddene Kontexter benotzen, nolauschteren an d’Kand ëmmer nees derzou opfuerderen, sech sproochlech auszedrécken. Zesumme Bicher kucken oder mam Kand liesen, am beschten all Dag, ass eng Aktivitéit, duerch déi een d’Sproochentwécklung bei sengem Kand immens gutt ka fërderen. Ganz wichteg, fir kënne fléissend méisproocheg ze ginn, ass, datt e reelle Besoin do ass, fir seng verschidde Sproochen ze benotzen. Vill Eltere maachen dëst doduerch, datt een Elterendeel konsequent nëmmen eng Sprooch mam Kand schwätzt an deen aneren Elterendeel eng aner (de sougenannten „een Elterendeel/eng Sprooch“-‐Prinzip). Et ass och gutt, wann ee regelméisseg „monolingual Sproochsituatiounen“ kann opsichen, wou d’Kand sech nëmmen duerch eng vu senge Sprooche ka weiderhëllefen. Zum Beispill d’Famill a Frankräich besichen oder mat der Bomi aus Portugal skypen.
Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op: http://www.youtube.com/watch?v=0T6i-‐5n1n4s/
Kontakt: Pascale Engel de Abreu
Eng Interventioun an der Mammesprooch fir d’Stäerke vun de Schoulsproochen
Vu September 2014 bis August 2017 wäert en neie Fuerschungsprojet lafen, an deem et drëms geet, erauszefannen, ob eng Interventioun an der Mammesprooch Portugisesch de Kanner, déi zu Lëtzebuerg an d’Spillschoul ginn, kann hëllefen,
besser Lëtzebuergesch an Däitsch ze léieren. E laangfristegt Zil vun der Fuerschung ass, de Kanner ze hëllefen, besser Däitsch liesen a schreiwen ze léieren.
D’Interventioun gëtt am éischte Joer vum Projet ausgeschafft an et ass geplangt, datt se am Schouljoer 2015-‐2016 a verschidde Schoule getest gëtt. De Projet gëtt finanziell vum FNR ënnerstëtzt (CORE) a leeft an Zesummenaarbecht mat dem Unterrechtsministère (SCRIPT), der Universitéit Oxford, dem University College London, an der Universitéit vu São Paulo.
Kontakt: Pascale Engel de Abreu & Romain Martin
An engem grousse Projet, deen 2013 zu Enn koum, hu mir probéiert, besser ze verstoen, firwat d’Aarmut engem Kand seng Entwécklung a säi
schouleschen Erfolleg behënnert. Mat dësem Wësse maache mir Virschléi, wéi d’Politik ka schaffen, fir dëse Link ze briechen. D’Fuerschung berout op engem groussen, multidimensionalen Dateset vun 355 brasilianesche Kanner aus dem éischten an dem zweete Schouljoer aus verschiddene sozio-‐ekonomesche Schichten a Schoulen. Mir wollten erauszefannen, wéi d‘Kanner sech déi kognitiv Fäegkeeten uneegnen, déi si brauche fir kënne gutt ze léieren. Mir hunn déi 355 Kanner wärend 2 Stonnen eenzel an neurocognitiven Aufgabe getest, an d’Enseignanten an d’Eltere vun alle Kanner interviewt.
Obwuel en niddrege sozio-‐ekonomesche Status e staarken negativen Effekt op déi kognitiv Entwécklung a schoulesch Leeschtunge bei de Kanner hat, hu mir erausfonnt, dass eng gutt Qualitéit vun der Educatioun a vun der Schoul, besonnesch, wann d’Kanner jonk sinn, ville vun dësen Nodeeler kann entgéintwierken. Eis Resultater ënnerstëtzen d’Hypothes, dass d’Erfahrungen an der fréier Kandheet déi kierperlech Entwécklung vum Gehir beaflossen. Eng zolidd kognitiv Basis fir liewenslaangt Léieren ass e Schlësselfaktor fir de Kreeslaf vun der Aarmut ze briechen, d’wirtschaftlech Produktivitéit ze fërderen a sozial Ongerechtegkeeten ze reduzéieren.
Lauter lëschteg Lauter
D’PISA 2012 Studie (mat 15-‐järege Schüler) ënnersträicht op en Neits, datt Lëtzebuerg am Beräich vum Liesen a Schreiwen hannert aneren OECD Staaten hänkt. Och eis national Épreuves Standardisées weisen, dass ongeféier 45% vun den 9 Joer ale Kanner zu Lëtzebuerg de Socle am Liesverständnis net erreechen. D’Bekämpfung vu Liesproblemer ass also eng dringend national Prioritéit. International Studie weise kloer, dass Programmer, déi d’phonologesch Bewosstheet a Buschtawe-‐Laut Korrespondenzen systematesch trainéieren, deen effektiivste Wee sinn, fir d’Lies-‐ a Schreifkompetenze bei de Kanner ze fërderen. Mir schaffen zur Zäit sou ee Programm aus, fir Kanner zu Lëtzebuerg schonn an der Spillschoul besser op d’Liesen an d’Schreiwen am Primaire virzebereeden. De Programm soll vum Enseignant selwer duerchgefouert ginn a baséiert op multisensoresche Léiermethoden. Mir sichen nach no Studenten, déi interesséiert sinn, un dësem Projet matzeschaffen.
Kontakt: Pascale Engel de Abreu
Dat “aarmt” Gehir
Mir maachen déi folgend Virschléi fir weider Fuerschung an d’Politik
1. Investissementer an d’Bildung an der fréier Kandheet (z. b. Precoce a Spillschoul) si méiglecherweis ee vun den effektiivsten an effizienteste Weeër fir Ongläichheeten ze reduzéieren an d’sozial Mobilitéit no uewen ze fërderen.
2. D’Enseignanten an der „Kognitiounswëssenschaft vum Léieren“ forméieren, sou dass si e bessert Verständnis kënne kréien, firwat bestëmmte Schüler méi geréng schoulesch Leeschtung, Léierstéierungen oder e schwieregt Verhalen an der Klass kënnen opweisen.
3. Evidenzbaséiert Politikgestaltung. Politiker, Entscheedungsträger a Praktiker sollte mat Wëssenschaftler zesummeschaffen, fir Programmer ze entwéckelen mat der héchstméiglecher Wahrscheinlechkeet fir Erfolleg.
Weider Informatiounen iwwert dëse Projet fannt dir an dem Public Outreach report „Poverty and the Mind: A Cognitive Science Perspective”
Kontakt: Pascale Engel de Abreu & Romain Martin
©
©
ganz verschwonn. Dës Resultater weise ganz kloer, dass d’Sprooch eng wichteg Roll spillt am Zueleverschaffen. Wann een eng Sprooch nach net esou gutt kann, da beherrscht een d’Zuelewierder och automatesch nach net esou gutt. Dëst féiert zwangsleefeg dozou, dass ee méi lues ass an och méi Feeler mécht an allen Zuelenaufgaben an dëser Sprooch. Zu Lëtzebuerg, wou mer vun der Primärschoul an de Lycée classique einfach d’Sprooch an der Mathé wiesselen, musse mer dës Tatsaach onbedéngt berücksichtegen an de Léierrythmus un dëse Sproochewiessel upassen. Wann dat net gemat gëtt, entsti forcement eng Rei Feeler a Komplikatiounen an der Mathé, déi näischt mat numeresche Prozesser ze dinn hunn, mä mat sproochleche Prozesser.
Kontakt: Sonja Ugen & Christine Schiltz
Wéi erkennen a benenne Kanner zu Lëtzebuerg zweestelleg Zuelewierder op Däitsch a Franséisch? Geet dat d’nämmlecht gutt a séier an deenen 2 Sproochen oder mécht d'Sprooch an deem Fall en Ënnerscheed? Fir dës Fro ze ënnersichen, hu mir Kanner aus dem 5. Schouljoer (Cycle 4.1) a vu 6e an 3e aus dem Lycée gefrot, fir zweestelleg Zuelen ze erkennen an ze benennen. An der éischter Aufgab hunn d’Kanner eng Zuel gehéiert an hunn se du missten tëschent 4 verschiddenen arabeschen Zuelen erëmfannen. An der zweeter Aufgab kruten se arabesch Zuele gewisen an se hunn einfach missten d’Zuelewuert haart soen. Alleguerten d’Aufgabe sinn esouwuel op Däitsch ewéi op Franséisch gemat gin.
All d’Kanner konnten dës 2 Aufgabe besser op Däitsch wéi op Franséisch. Dat heescht si hu manner Feeler gemat a ware méi séier. Mam Alter (a mat der Übung am Franséischen) ass den Ënnerscheed tëschent franséisch an däitsch méi kleng ginn, mä en ass awer ni
Wéi beaflosst d’Sprooch eis Maîtrise vun Zuelewierder?
Verbal zielen am Zueleraum bis 10 1. ziel esou wäit wéi s du kanns 2. ziel weider vun enger bestëmmter Zuel un (zB 3) 3. ziel hannerzeg vun enger bestëmmter Zuel un (zB 5) Objeten ofzielen z.B. kann een esou Übunge gutt mat Faarwe maachen. Wéi vill Faarwe leien hei? 4 Faarwe leien um Dësch. D'Kand soll soen bzw. zielen, wéi vill et der sinn. Oppassen, wéi d'Kand zielt, verbal fir sech am Kapp oder beréiert et all Kéiers eng Faarf, wann et zielt. Fanger ofzielen D'Léierpersoun weist eng Unzuel vu Fangeren an d'Kand mécht datselwecht no. D'Léierpersoun seet dem Kand, et soll eng bestëmmten Unzuel vu Fangere weisen. (z.B. weis mer 5 Fangeren) Zueleverständnis: Eng Zuel bedeit eng bestëmmten Unzuel/ Quantitéit. z.B. 4 verweist op 4 Saachen, 4 Joer, 4 Punkten, 4 mol an d'Hänn klappen, Aufgab: Gëff mer 4 Faarwen.
Mengekonstanz an Invarianz D’Kanner solle verstoen, dass d'Unzuel vun Elementer
net ännert, wann se anescht am Raum ugëuerdent sinn. D'Unzel ännert just, wann een eppes dobäi mécht oder
ewech hëlt.
Grouss Unzuelen approximativ vergläichen
D'Kanner vergläichen 2 Schossele mat Kamellen, Jicken, Knäpp... a solle schätzen,
wou méi resp. manner dran ass.
Kuerz verbal Rechegeschichten nospillen Beispill 1 : An der Klass sinn 10 Kanner. 6 Kanner ginn
eraus an den Haff spillen. Wéi vill Kanner bleiwen dobannen?
Beispill 2 : De Pol huet 7 Kamellen. D'Luna huet 5 Kamellen. Ween huet méi Kamellen, de Pol oder d'Luna?
Mat de Kanner Zuelen an hirem Ëmfeld Zuele fannen
a liesen
Zuelen duerstellen a schreiwen
Kontakt: Caroline Hornung & Danielle Hoffmann
Wéi kann een am Cycle 1 éischt numeresch Kompetenze fërderen a moossen?
Impakt vu Liesverständnes op mathematesch Aufgaben (“Lösungen”/problem solving)
D’Sprooch huet en Afloss op d’Veraarbechte vun Zuelen, a mir wëssen aus eise Studien, datt d'Schüler scho basesch numeresch Aufgaben (z.B. 2 Zuele vergläichen an entscheeden, wéi eng méi grouss ass) ganz anescht léisen, je nodeem si d’Zuelewierder an der Aufgab op Däitsch oder op Franséisch presentéiert kréien.
Wat fir een Impakt huet d’Liesverständnes am Däitschen oder am Franséischen op d’Léise vu mathemateschen Aufgaben, sou wéi se an der Schoul gemat ginn? Fir dëst erauszefannen, hu mir d’Leeschtunge vu Schüler aus dem Secondaire a verschiddene Kompetenzberäicher (däitscht a franséischt Liesverstoen, Mathematik) matenee verbonnen. Dobäi hu mir och de
Schüler hire Sproochenhannergrond mat berücksichtegt. Eis Resultater weisen, datt d'Liesverständnes generell en Afloss op d’Léise vu mathemateschen Aufgaben huet. Fir Schüler, déi éischter eng germanesch Sprooch doheem schwätzen (z.B. Lëtzebuergesch oder Däitsch) huet hir Leeschtung am däitsche Liesverständnes méi Afloss op d’Léise vu mathemateschen Aufgaben ewéi hir Leeschtung am franséische Liesverständnes – an dat, obwuel d’Unterrechtssprooch an der Mathematik franséisch ass. Bei de Schüler, déi éischter eng romanophone Sprooch doheem schwätzen (z.B. franséisch oder portugisesch), huet dat franséischt Liesverständnes e groussen Impakt op d’Léise vu mathemateschen Aufgaben, mee d’Liesverständnes am Däitschen huet e vergläichbaren Effekt ewéi bei de Schüler, déi eng germanesch Sprooch doheem schwätzen. Et gëtt also e staarken Zesummenhang tëschent de verschiddene Kompetenzberäicher, an d’Sprooch huet e groussen Afloss op d’Léise vu mathemateschen Aufgaben.
Kontakt: Sonja Ugen
Beim Minusrechne si méisproocheg Kanner déi schnellst!
Fir den Afloss vun der Méisproochegkeet op d’Rechnen ze ënnersichen, hunn 31 monolingual* a 24 vu Gebuert un zweesproocheg Schüler aus dem Cycle 2 aus der Stad Lëtzebuerg 2013 un enger Studie deelgeholl. D’Schüler koumen all aus engem mëttel bis héije sozialen Ëmfeld an hunn an der Klass jeweils 2 Minutte laang dräi verschidden Zorte vu Rechnunge geléist: Plusrechnungen (6 + 4 =? ), Minusrechnungen (11 – 3 = ?), esou wéi Plus-‐a Minusrechnungen: (4 + 7 – 3 =?). Duerno hunn d’Schüler och nach Aufgaben zu der allgemenger Aarbechtsgeschwindegkeet an dem verbalen Aarbechtsgediechtnes gemaach.
D’Resultater weisen, dass méisproocheg Kanner méi séier a richteg minus rechne wéi Kanner, déi doheem eng Sprooch schwätzen. Datselwecht Resultat fënnt sech och bei de gemëschte Rechnungen zeréck. Während dëse Rechnunge switchen d’Kanner jeweils vu plus op minus, fir déi richteg Léisung ze fannen. Dës Aufgabe verlaangen dohir méi komplex kognitiv Prozesser wéi z.B. Konfliktléisung, well een tëscht den Operatiounen hin an hier wiesselt. Allerdéngs ginn et keng Ënnerscheeder am Plusrechnen an an der genereller Aarbechtsgeschwindegkeet, wat drop hiweist, dass méisproocheg Kanner net generell méi séier sinn oder besser rechnen, mee just bei Aufgaben, déi spezifesch exekutiv Prozesser wéi "Switching" a "Inhibition" verlaangen. Kleng Ënnerscheeder ginn et dann och bei de verbalen Aarbechtsgediechtnesaufgaben, déi och op dës spezifesch exekutiv Prozesser zeréckgräifen. Hei sollten d’Schüler Lëschte vu klengen a groussen Déiere lauschteren, entscheeden, wéi eng kleng a wéi eng grouss sinn, an da just déi kleng Déieren nennen, déi gesot gi sinn. Dës Zort Aufgaben erënnert deels u Rechenaufgaben. D'Schüler sollen sech engersäits d'Zuelen an d'Zwëscheresultater verhalen. Anerersäits solle se och d’Zuelenugab ausblende kënne fir weiderzerechnen an dann erëm op d'Zwëscheresultat zeréckkommen, fir d’Endresultat ze fannen.
Eis Resultater ënnerstëtzen aner rezent Fuerschungsresultater, déi weisen, dass méisproocheg Kanner e klengen Avantage an Aufgaben hunn, déi vill exekutiv Prozesser verlaangen, am Verglach mat Kanner, déi doheem eng Sprooch schwätzen. Dës Studie ass déi éischt, déi esou e positiven Transfert op d’Recheperformance noweist. Mir soen dem Chéryl Brimaire e grousse Merci, bei der Datekollekt matgehollef ze hunn, esou wéi och de Léierpersounen, de Schüler an den Eltere fir hir Ënnerstëtzung bei dësem Projet.
Kontakt: Caroline Hornung, Danielle Hoffmann & Christine Schiltz
*monolingual bedeit hei, dass d’Kand doheem 1 eenzeg Sprooch schwätzt.
Sinn d’Jonge besser an der Mathé wéi d’Meedercher?
D’PISA Resultater hu gewisen, dass hei zu Lëtzebuerg déi 15järeg Jongen allgemeng besser an der Mathé ofschneide wéi d’Meedercher. D’Fro stellt sech, firwat dat esou ass ? Un der Biologie kann et kaum leien, well an anere Länner gëtt et dee männleche Virdeel net systematesch, respektiv an e puer Länner sinn esouguer d’Meedercher besser an der Mathé wéi d’Jongen (z.B. Island). Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg bei deene méi jonke Schüler aus? Mir hunn dofir Donnéeë vu Schüler aus dem éischte bis an d'sechst Schouljoer gekuckt. Mir fanne weder Ënnerscheeder an einfache Rechenaufgaben (19+2= ?), nach a visuell-‐räimlechen Aufgaben (Aus wéi vill Würfele besteet eng Figur?). Am drëtte Schouljoer hu mir e klengen Avantage vun de Jongen op d’Meedercher fonnt, wann eng Unzuel aus enger Grafik soll erausgelies ginn.
E méiglechen Erklärungsusaz fir verschidden Ënnerscheeder an der Mathé tëscht Jongen a Meedercher ass, dass de Kontext vun der Aufgab eng wichteg Roll spillt. Deemno schénge stereotypesch männlech Kontexter (Pirat versus Prinzessin) d’Jonge méi ze motivéieren ewéi d'Meedercher. En anere wichtege Punkt, dee beim Entstoe vun Ënnerscheeder tëscht Jongen a Meedercher matspillt, ass d’Motivatioun an den Interessi vis-‐à-‐vis vun der Mathé. Sou fanne mer schonn am drëtte Schouljoer, dass d’Meedercher manner Spaass um Fach Mathé hunn ewéi d’Jongen. Och an de PISA Resultater kënnt eraus, dass d’Meedercher sech allgemeng manner fir Mathé intresséiren, an och méi Angscht virun deem Fach empfanne wéi gläichaltreg Jongen. Sou ass et also wichteg opzepassen, wéi d’Mathé vermëttelt gëtt, fir dass keng Ënnerscheeder entstinn, wou ursprünglech (vun engem biologesche Standpunkt) keng sinn.
Kontakt: Danielle Hoffmann, Caroline Hornung, Romain Martin & d’PISA Team
D'Epreuves standardisées och elo am Cycle 2.1 vun November 2014 un
No enger éischter Testentwécklung vun 3 verschiddenen Epreuven an de Beräicher Mathematik, lëtzebuergescht Héierverstoen an éischt Schrëtt zur d'Schrëftsprooch sinn dës Epreuvë fir déi alleréischte Kéier am November 2013 a 34 Klassen ueschtert d'Land an de Pretest gaangen. D'Epreuvë sinn an engem Zäitraum vu 5 Méint vu 15 Enseignanten aus de Cyclen 1 an 2 an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.
Dësen éischte Pretest huet eis wichteg an interessant Informatioune ginn zu der Verständlechkeet vun den Testformater fir d'Schüler, der néideger Beaarbechtungszäit pro Aufgab an de Pausen tëscht den Aufgaben, der Längt vun den Texter, der Roll vum Enseignant bei der Testduerchféierung, asw. Am Pretest konnte souwuel d'Enseignante wéi och mir Fuerscher a Psychologe vun der Uni Lëtzebuerg feststellen, dass: 1) Gruppentester an dem jonken Alter méiglech sinn, 2) d'Schüler allgemeng motivéiert matschaffen, 3) den Test ongeféier 30 Minutte sollt daueren, 4) den Enseignant bei der Testduerchféierung eng wichteg Roll spillt, well d'Schüler duerch den Test geleet solle ginn, 5) grouss interindividuell Ënnerscheeder an der Beaarbechtungszäit vun den Aufgabe bestinn 6) kuerz Beispills-‐ an Übungsaufgaben de Schüler hëllefen, fir ze verstoen, wat an der Testaufgab ze maachen ass.
Vun November 2014 un, wäerten esou standardiséiert Epreuven an der Mathematik an am lëtzebuergesche Sproochverständnis all Joer am Ufank vum Cycle 2.1 vum Enseignant duerchgefouert ginn. Den Enseignant wäert och all Joer e Feedback zu de Leeschtunge vu senge Schüler kréien. Dëse Feedback soll mat den Eltere gedeelt gi während dem Bilansgespréich vum 2. Trimester. Nodréiglech wëlle mir nach eemol deene ville Pretestklasse villmools Merci soen, esou motivéiert matgemaacht ze hunn an eis vill hëllefräiche Feedback zu der Testduerchféierung ginn ze hunn.
Kontakt: Caroline Hornung, Danielle Hoffmann & Romain Martin
Wat ass TMS?
D’Transkraniell Magnéitesch Stimulatioun -‐ transkraniell heescht "duerch d‘Schank vum Kapp" -‐ gëtt TMS ofgekierzt an ass eng Technologie, déi et erlaabt, mat staarken a geziilte Magnéitfelder Deeler vum Gehir ze stimuléieren oder ze desaktivéieren. TMS ass eng nëtzlech Method fir d’Gehirfuerschung a gëtt punktuel och fir verschidden Therapien agesat.
Vun Zuel a Raum
Fir déi meeschte Leit an eiser westlecher Gesellschaft si kleng Zuelen éischter lénks am Raum situéiert a grouss Zuele riets. Dat kennt dovun, well mer eis Zuelen als mental Zuelelinn virstellen, déi vu lénks (fir kleng Zuelen) no riets (fir grouss Zuelen) verleeft.
An Zesummenaarbecht mat der Universitéit vu Maastricht wollte mir erausfannen, firwat dat esou ass, a wéi eng Deeler vum Gehir un dësen Associatiounen zwëschent Zuelen a Raum bedeelegt sinn. Mat Hëllef vun enger Method, déi TMS (Transkraniell Magnéitesch Stimulatioun) heescht, hu mer während 15-‐20 Minutten eng kleng Regioun vun der rietser Gehirhalschent desactivéiert. Während deene 15-‐20 Minutte hunn eis fräiwëlleg Versuchspersoune vill manner staark Zuele mam Raum associéiert, wéi si dat am Normale machen. Déi kleng riets Gehirregioun befënnt sech am Schläfenlappen an hëlleft eis, all méiglech Reiefolgen ze erfaassen. Eng Ursaach, firwat kleng/grouss Zuele mat lenks/riets associéiert sinn, ass also, well d’Zuelen och eng Reiefolleg beschreiwen. De rietse Schläfenlappen schéngt eng besonnesch wichteg Roll an dëser Associatioun ze spillen.
Dës Resultater vun eisem TMS Experiment passen exzellent bei déi rezent Resultater vun enger belscher Fuerscherequipe vu Gent. Si hëllefen eis, besser ze verstoen, wéi Zuelebegrëffer an eisem Kapp entstinn a weisen eis Pisten op, wéi mer d’Zuelen-‐ a Rechneléiere kéinten ënnerstëtzen a fuerderen.
Kontakt: Christine Schiltz
Zuelen am Gehir
Eng wichteg Etappe vum Rechneléiere besteet dran, arabesch Zuelen (z.B. „9“) liesen a verstoen ze léieren. Wann een d’Zuele bis kennt an hir Bedeitung verstanen huet, dann denkt een automatesch un d’Quantitéit, déi vun der Zuel beschriwwe gëtt, all Kéier, wou een eng Zuel gesäit. Mä d'Kanner mussen dës Bedeitung fir d’Éischt ganz geziilt an der Schoul léieren. Lues a lues mat de Schouljore gëtt dëse Prozess da méi einfach an automatesch. Fir besser ze verstoen, wéi dësen Entwécklungs-‐ a Léierprozess ofleeft, hu mir eng nei Elektroenzephalographie (EEG) Method entwéckelt.
20 Kanner (tëschent 6 an 12 Joer) an 11 Erwuessener souze virun engem Computer-‐Ecran, op deem Zuele ganz séier hannerenee gewise goufen. Pro Sekonn goufen 3,5 Zuele gewisen, déi entweder ëmmer d’nämmlecht waren (z.B. “10”) oder dauernd gewiesselt hunn (z.B. “10”, “24”, “16”, “20”...). Während d’Kanner an d’Erwuessener einfach dësen Zuelen nogekuckt hunn, hu mir hir Gehiraktivitéit mam EEG gemooss.
All d’Versuchspersounen hate méi eng staark Gehiraktivitéit, wann d’Zuele verschidde waren. Besonnesch interessant war, dass dës Äntwert bei deene méi ale Kanner méi staark warwéi bei de méi jonke Kanner. D’Gehiraktivitéit huet sech och mam Alter verlagert, sou dass bei de Kanner déi meeschten Aktivitéit ganz hannen um Kapp lokaliséiert war, mä dëst sech e bësse méi no vir an uewe bei den Erwuessene verlagert huet. Dës Resultater bréngen eis wäertvoll Erkenntnisser, wéi d’Gehir Zuele verschafft a wéi dëse Prozess mam Alter an duerch d’Schoul ëmmer méi automatesch gëtt.
Kontakt: Christine Schiltz
Firwat si mir esou gutt, fir Gesiichter ze erkennen?
Am Verglach mat anere komplizéierten Objekter (z.B. Autoen, Beem, Haiser...) si mir erwuesse Leit immens gutt, fir mënschlech Gesiichter ze ënnerscheeden an ze verhalen. Firwat si mir esou besonnesch gutt, fir Gesichter ze erkennen? Ass dës Fäegkeet ugebueren oder léiere mer se während der Kandheet? Dës wichteg Fro beschäftegt d’Fuerschung schonn zënter méi wéi 100 Joer. Et schéngt, wéi wann op d'mannst een Deel ugebuer ass. Mä well mer regelméisseg während eisem Liewen esou vill Gesiichter gesinn, kéint et jo gutt sinn, dass eis Expertise fir Gesiichter en plus nach lues a lues mam Alter méi staark gëtt.
Fir dës Fro ze klären, hu mer zesumme mat der Universitéit vu Leuven 282 fräiwëlleg Versuchspersounen zwëschent 6 a 74 Joer ënnersicht, währenddeems se verschidde Gesiichter hu missten ënnerscheeden. Et huet sech erausgestallt, dass all d’Versuchspersoune besser normal gedréinte Gesiichter kënnen ënnerscheeden wéi Gesiichter, déi op d’Kopp gedréint sinn. Dëst ass dee wuelbekannten „Ëmdréin-‐Effekt“. Dësen Effekt ass besonnesch staark fir Gesiichter (verglach mat aneren Objekter) a gëllt als Beweis, dass mir Mënschen Experte si fir d’Gesiichtserkennung. Interessanterweis war an eisem Experiment dësen „Ëmdréin-‐Effekt“ ëmsou méi staark, wat d’Versuchpersoune méi al waren. Dëst weist, dass mir während eisem Liewe lues a lues ëmmer méi zu Experten am Gesiichtserkenne ginn.
Eist Experiment erlaabt, besser ze verstoen, wéi Gesiichter ënnerscheet ginn a beweist, dass eis Expertise mat Gesiichter lues awer sécher mat der Zäit ëmmer méi staark gëtt.
Kontakt: Christine Schiltz
Nei PhD/Post-‐Doc Projeten
Ënnert der Lupp: Fangerrechnen
Fangerrechnen ass e Verhalen, wat universell an alle Kulturen ze fannen ass. Jonk Kanner weisen oft eng Unzuel Fanger, wa se gefrot ginn, wéi vill Joer se hunn. 3järeger strecken dann 3 Fangeren an d'Lut a soe stolz dräi! Beim Zielen, Ofzielen an éischte Rechne benotzen di meescht Kanner hir Fangeren, well se dës ëmmer dobäi hunn.
Am 1. Schouljoer gëtt d’Fangerrechnen nach deels akzeptéiert, allerdéngs huet d’Fangerrechnen an der Primärschoul méi spéit oft kee gudde Ruff. D’Fangerrechne gëtt dann als lästeg Gewunnecht diskreditéiert, déi d'Schüler dovun ofhält, am Kapp ze rechnen an sech d’Zuelen och am Kapp virzestellen. Dobäi ass et oft keng wierklech Léisung, dem Kand ze verbidden, op de Fanger ze rechnen. Vill Kanner rechnen doropshin heemlech op hire Fanger. Problematesch ass an deem Fall och, datt net wierklech nogefuerscht gëtt, firwat a wéi d’Kand op de Fanger rechent. Beim Fangerrechne soll ee sech éischter Gedanke maachen, wéi een d’Fanger richteg benotzt, wéi ze verlaangen, se net ze gebrauchen. D’Kanner benotzen d’Fanger no hirem eegene Verständnis. A grad dowéinst ass et wichteg, dës Basisstrategie opzegräifen an de Kanner d'Zuelenzesummenhäng op hire Fanger ze weisen an ze erklären. Domat kréien d’Kanner e bessert Verständnis vun Zuelenzesummenhäng am Zueleraum bis 10, wat hinnen hëlleft, dat rengt Ofzielen op de Fanger ze iwwerwannen.
D’Kanner sollen no an no Zuelebegrëffer op hire Fanger erkennen, ouni eenzel Fanger beim Ofzielen ze brauchen. Wa si also 4 Fanger gesinn, sollen se direkt erkennen, datt dat 4 ass, a wann nach 1 Fanger dobäikënnt, dann huet een eng ganz Hand, 5 Fanger. D’Fangerrechne sollt an der Schoul net verbuede ginn, mee et muss reflektéiert ginn, wéi an zu wéi engem Zäitpunkt an der Entwécklung d’Fanger agesat ginn. Dës Iwwerleeunge komme souwuel aus der Neuropsychologie, wéi och aus der Mathematiksdidaktik. Neurowëssenschaftler aus Däitschland z.B. ënnerstëtzen d’Fangerzielen, well d’Fanger e multisensoriellen Input erméiglechen, dee souwuel d’Kardinalitéit (Quantitéit, Unzuel, Menge), wéi och d’Ordinalitéit bedeite kann (Moeller et al., 2011). Aner Studien hu gewisen, datt d’kompetent Virstelle vun Mengen op de Fanger mat bessere Rechefäegkeeten zesummenhänkt an datt den Training vu Fangergnosie d’Rechne positiv beaflosse kann. Fangergnosie bedeit, e Gefill fir di eenzel Fanger ze hunn, z.B. datt ee spiert, wéi ee Fanger beréiert gëtt vum Testleeder, wann d’Fanger verstoppt sinn.
Fir kompetent rechnen ze léieren, ass et wichteg, e ganzheetlecht Zueleverständnis ze entwécklen. Fir nach eemol op d’Beispill vun der Hand zeréckzekomme vu virdrun, entsprécht d’Hand dem Fangerbild 5. Fënnef besteet aus 2 Deeler, 3 an 2, oder 4 an 1. Wann een dës 2 Deeler erëm zesummesetzt, da kënnt een erëm op dat Ganzt, 5. Esou kënnen d’Kanner mat hire Fanger konkret gesinn a verstoe léieren, wéi kleng Zuelen zesummenhänken. Esou numeresch Zesummenhäng bis 10 kann een an der Schoul ganz gutt mat Hëllef vun de Fanger erschaffen, souguer nach ier ee mat den Zuelsymboler ufänkt ze rechnen. Sou kann ee vun engem Grondverständnis vun de klengen Zuelen ausgoen, op dat d’Rechnen am groussen Zueleraum bis 20 an duerno bis 100 opbaue kann.
Beim Zielen op de Fanger rechne kann oft en Zeechen dofir sinn, datt e Kand kee gutt Verständnis vun den Zuelen an hiren Zesummenhäng ënnerteneen huet. Deemno „gesinn“ esou Kanner net direkt, datt 7 z.B. aus 5 an 2 besteet, ouni dës Deeler fir d’éischt eenzel ofzezielen.
© www.science.lu
Wa Kanner rechne léieren, brauchen si ufanks eng visuell Hëllefstellung, fir d'Zuelen an hir Bezéiungen ënnerteneen ze gesinn a fir se ze begräifen. Fanger, awer och Material wéi Jetonen, Plättercher, asw. sinn esou visuell Hëllefsmëttel, déi d'Kanner beim Rechnen ënnerstëtzen. Rechnen ass eng komplex mental Tätegkeet, déi vill Kanner séier léieren, mee vereenzelt Kanner och iwwerfuerdere kann, wann et ze séier u konkreten Handlungen a Material feelt, fir d’Zuele begräifen ze léieren. Kanner hunn allgemeng ganz ënnerschiddlech Aarbechtsgediechtnesspannen a brauche méi oder manner laang fir rechnen ze léieren, souwuel mat, wéi ouni konkret Hëllefsmëttel. Et ass da wichteg, aschätzen ze kënnen, wéi vill Informatiounen e Kand ongeféier veraarbechte kann, fir besser ze verstoen, wéi d’Kand rechent a wéi vill visuell Hëllef et brauch. Fuerscher aus der Belsch ënnersträichen, datt d'Fangerrechnen an deem Fall en hëllefräicht Mëttel ass, fir d’Aarbechstgediechtnes ofzeléisen an ze ënnerstëtzen, obwuel net all Kand seng Fanger gebrauche muss, fir gutt rechnen ze léieren (Crollen, Mahe, Collignon & Seron, 2011). Am beschte Fall léisst een sech op all Kand an a léiert seng Staërkten, Strategien a Schwächte kennen, fir d’Kand op senge Léierweeër ze begleeden, well all Kand léiert e bëssen anescht.
Fréifërderprojet am Précoce an de Beräicher Mathematik a Sprooch
Am Fréijoer 2014 ass e Fréifërderprogramm an de Beräicher Mathematik a Sprooch an 2 Schoulen (Precoce) hei am Land ugelaf. Mir hunn d’Kanner an dräi Programmer mat verschiddene Schwéierpunkten agedeelt.
Deen éischte Programm konzentréiert sech spezifesch op d’Fangerzielen an d’Fangergnosie, also d’Erkenne vun den eegene Fanger. Deen zweete Programm konzentréiert sech och op d’Zielen, mee ouni d'Fanger. Hei ginn d’Zuelen ëmmer un Hand vu konkretem Material, dat heescht a Relatioun mat der Quantitéit, déi se representéieren, trainéiert. Am drëtte Programm gi guer keng Zuelen trainéiert, mee d’Sprooch, via Reimer a Silben.
An allen dräi Programmer gëtt den Training a klenge Gruppe vun 3-‐4 Kanner ofgehalen. Den Training ass a Form vu klenge Spiller organiséiert, wou een Dag op deen aneren opbaut, sou dass d’Schwieregkeet progressiv all Dag zouhëlt. Am Ganze sinn et 10 Trainingsunitéite vu jeweils 15 Minutten, déi iwwer 3 Woche lafen.
All d’Kanner hu virun de jeweilegen Trainingsprogrammer eng Rei vu klengen Tester zu hirem Zueleverständnis, der Lauterkennung a méi allgemenge kognitive Kompetenze gemaach (Pre-‐Test). Dës Aufgabe ginn eng Woch nom Training widderholl (Post-‐Test-‐T1) an dräi Méint duerno nach eemol (Post-‐ Test-‐T2). An deenen 2 Post-‐Tester kann ee kucken, ob d’Kanner sech a verschiddenen Aufgabe verbessert hunn, a wéi enge Beräicher déi Verbesserunge leien, ob dës Ënnerscheeder sech mëttelfristeg halen (Post-‐Test-‐T2) an ob et Ënnerscheeder tëscht deenen 3 Interventiounsprogrammer gëtt.
Sou kënne mer déi verschidden Trainingsgruppe matenee vergläichen an erausfannen, wéi ee spezifeschen Training sech op e Grupp vu Kanner auswierkt. Wa mer z.B. wësse wëllen, ob d’Benotze vun de Fanger an d’Gnosie vun de Fanger fir d’Zueleverständnis méi oder d’selwecht wichteg ass wéi d’Benotze vu konkretem Material, da kënne mer déi zwou Zuelegruppen matenee vergläichen. Wëlle mer elo wëssen, ob Übunge mat Zuelen an Zielen allgemeng en Effekt op d’Zueleverständnis hunn, kënne mer d’Resultater an den Zuelekompetenzen vun den zwou Zuelegruppen mat de Resultater vum Sproochgrupp vergläichen. Mir erwaarden eis, dass d’Kanner aus den 2 Zuelegruppe besser an den Zuel-‐ an Zielkompetenzen ofschneide wäerte wéi d’Kanner aus dem Sproochgrupp. Am Sproochgrupp op der anerer Säit erwaarde mer eis, dass d’Kanner sech spezifesch an de Sproochkompetenze verbesseren, do also an de Post-‐Tester besser ofschneide wéi d’Kanner aus den Zuelegruppen.
D’Resultater aus dëser Studie wäerte mer an der nächster Newsletter präsentéiere kënnen. Bis dohi soe mer de Kanner, hiren Elteren an den Enseignanten aus de bedeelegte Schoulen ee grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.
Kontakt: Danielle Hoffmann, Caroline Hornung & Sonja Ugen
Wat sinn d’Exekutivfunktiounen?
D’Exekutivfunktiounen sinn eng Aart Kommandosystem am Gehir,
dat eis hëlleft, eist Verhalen an Denken zilgerecht ze steieren. D’Gehir brauch d’Exekutivfunktiounen, fir kënnen op dat opzepassen,
wat relevant ass, an onwichteg Informatiounen auszeblenden, fir esou nei Problemer kënne schnell an effizient ze léisen. An der Schoul hëllefen d’Exekutivfunktiounen, fir gutt ze léieren. Kanner mat sougenannten „spezifesche Léier-‐schwieregkeeten“ hunn dacks Problemer mat hiren Exekutivfunktiounen. Besonnesch bei Kanner mat engem Opmierksamkeetsdefizit / enger Hyperaktivitéitstéierung (ADHS) schaffen d’Exekutivfunktiounen net sou gutt wéi bei Kanner ouni dës Stéierung. Dëst féiert derzou, datt sech dës Kanner kënnen impulsiv behuelen an sech nëmme schwéier konzentréiert kréien, well den „Filter“ am Gehir, deen déi relevant vun den onwichtege Saachen trennt, net richteg funktionéiert.
Firwat hu méisproocheg Kanner Virdeeler an den Exekutivfunktiounen?
Wann e méisproochegt Kand sech an enger vu senge Sproochen ausdréckt, gëtt seng zweet oder drëtt Sprooch automatesch mat aktivéiert. D’Kand brauch dann d’Exekutivfunktiounen, fir sech op déi relevant Sprooch ze konzentréieren an déi Sproochen, déi an deem Moment net benotzt ginn, „auszeschalten“. E méisproochegt Kand benotzt seng Exekutivfunktiounen also indirekt méi wéi e monolinguaalt Kand, well et permanent tëschent verschiddene Sprooche muss hin an hier wiesselen. D’Gehir funktionéiert eigentlech ähnlech wéi ee Muskel; wa verschidde Funktioune méi benotzt ginn, dann entwéckelen déi sech besser. Well also bei méisproochege Kanner d’Exekutivfunktioune méi musse schaffen, fir e Sproochekonflikt ze léisen (decidéieren, wat fir e Wuert se a wat fir enger Sprooch solle gebrauchen), ginn si besser an Aufgaben, wou d‘Exekutivfunktioune gefrot sinn. Dëse Fait weist, datt d’Méisproochegkeet net nëmme positiv ass fir déi sproochlech a soziokulturell Entwécklung vum Kand, mee dem Kand och wichteg Virdeeler a Gehirfunktioune bréngen, déi näischt direkt mat der Sprooch ze dinn hunn, mee déi awer wichteg sinn, fir kënnen nei Saachen ze léieren.
Duerchschnëtt véier bis fënnef Joer méi spéit weise wéi bei Leit, déi nëmmen eng Sprooch benotzen. Et gëtt dervun ausgaang, datt d’Gehir duerch den „Training“,
deen et duerch d’Méisproochegkeet kritt, eng „kognitiv Reserve“ an den Exekutivfunktiounen opbaut, op déi méisproocheg Leit da kënnen zeréckgräifen, wa Problemer mam Gediechtnes, bedéngt duerch den Alzheimer, optauchen. Gediechtnesproblemer kënne méisproocheg Leit also duerch hir gutt Exekutivfunktioune kompenséieren, sou datt d’Symptomer vun
Alzheimer méi spéit opfalen, obwuel hiert Gehir eigentlech gläich vill vun Alzheimer befall ass, wéi dat vu monolinguale Leit.
D’Méisproochegkeet ass eng Aart Gehirtraining, dëst och nach am Alter. D’Gehir ass en „plastescht“ Organ, dat heescht, datt et sech duerch de Gebrauch verännere kann. Obwuel dat beim Erwuessenen net méi grad sou liicht geet wéi bei engem klenge Kand, behält d’Gehir iwwert d’ganzt Liewen eng gewëssen „Plastizitéit“. Wat kanadesch a lëtzebuergesch Studie weisen, ass, datt och erwuesse Leit, déi méi wéi eng Sprooch an hirem Ëmfeld benotzen, wichteg Virdeeler an den Exekutivfunktiounen hunn. Ganz nei Etudë weisen, datt sech déi klinesch Symptomer vun Alzheimer bei méisproochege Leit am
Bréngt d’Méisproochegkeet och nach Virdeeler am Alter?
Dat méisproochegt Gehir
De “kognitive Virdeel” vun der Méisproochegkeet besteet doranner, datt méisproocheg Kanner a bestëmmte kognitiven Aufgaben, déi déi sougenannten Exekutivfunktioune moossen, besser si wéi Kanner, déi nëmmen eng Sprooch schwätzen.
Geet d’Léiere vun enger Sprooch op d’Käschte vun enger anerer?
Et gëtt heiansdo gemengt, de Sproochesystem géing funktionéiere wéi een „Hard Disk“ bei engem Computer, op deem – wa bis voll mat enger Sprooch – keng Plaz méi ass fir eng zweet oder drëtt Sprooch. Dëst ass awer net esou. De Sproochesystem ass ganz flexibel an eist Gehir kann, ënnert de richtege Bedéngungen, ouni Problem eng ganz Unzuel vu Sprooche gutt léieren.
Kann d’Méisproochegkeet Kanner duerchernee maachen a souguer Sproochréckstänn verursaachen?
Kanner, déi méisproocheg opwuessen, mëschen d’Sproochen dacks. Si benotzen zum Beispill an engem Saz Wierder aus verschiddene Sproochen („ech si fatigué“) oder soen den Ufank vum Wuert an enger Sprooch, mee d’Endung an enger anerer („Wolkão“). D’Sprooche vermëschen ass awer ganz normal an heescht net, datt d’Kanner hir Sproochen dowéinst verwiesselen. Och méisproocheg Erwuessener vermëschen hir Sproochen dacks a Kanner maachen dat genee esou. D’Meilesteng vun der Sproochentwécklung si genee déi selwecht bei engem méisproochege wéi bei engem monolinguale Kand. Méisproocheg Kanner fänken net méi spéit u mat schwätzen an hir Sprooch entwéckelt sech och net méi lues wéi déi vu Kanner, déi just eng Sprooch schwätzen. Et ass allerdéngs wouer, datt méisproocheg Kanner dacks liicht méi schwaach Sproochresultater weise wéi Kanner, déi nëmmen eng Sprooch schwätzen, wann si a just enger vun hire Sprooche getest ginn. Dat ass awer ganz normal an ass och keng Indikatioun fir ee Sproochréckstand. Méisproocheg Kanner muss een an all hire Sproochen testen, fir eng richteg Iddi vun hire Sproochfäegkeeten ze kréien.
Wann ee seng Mammesprooch also gutt beherrscht, fält et engem dacks méi liicht, fir Friemsproochen ze léieren. Wann awer déi linguistesch Strukturen an der Mammesprooch net richteg gefestegt sinn, ass d’Léiere vun anere Sprooche méi schwéier. Wann ee wëll, datt d’Kanner d’Méiglechkeet hunn, fir hir Mammesprooch bäizebehalen, an een dëst awer an der Schoul net direkt ka fërderen, ass et wichteg, dass d’Kanner keng negativ Astellung zu hirer Mammesprooch entwéckelen, an datt d’Elteren och doheem weiderhin d’Mammesprooch ze benotzen.
Et ass net esou, datt eng Mammesprooch fir ëmmer am Gehir verankert ass just alleng dowéinst, well si déi éischt Sprooch war, déi geléiert gouf. Wann eng Mammesprooch net vill benotzt gëtt, entwéckelt si sech zeréck a kann esouguer ganz verschwannen. Dëst ass schued, well d’Kand dann net ka vun deene ville Virdeeler, déi d’Méisproochegkeet mat sech bréngt, profitéieren. D’Mammesprooch doheem net méi ze schwätzen, heescht och net, datt dofir engem Kand seng Kompetenzen an de Schoulsproochen onbedéngt besser ginn. Am Géigendeel: D’Fuerschung weist, datt eng zweet oder drëtt Sprooch op d’Mammesprooch kann opbauen.
Wéi wichteg ass d’Mammesprooch, wann déi net an der Schoul geléiert gëtt?
Gëtt et eng “kritesch Period” fir eng Sprooch ze léieren, wou et dono einfach ze spéit ass?
D’Iddi vun enger „kritescher Period“ gëtt et zum Beispill bei verschiddene Villercherszorten. Wann déi d’Lidd vun hirer Aart net bannent den éischte Woche vun hirem Liewen duerch hir Aartgenosse léieren, léieren si et ni méi. Sou eng Zort „kritesch Period“ gëtt et bei der Entwécklung vun der mënschlecher Sprooch net. D’Gehir bleift iwwert d’ganzt Liewe fäeg, fir nei Sproochen ze léieren. D’Dier, fir eng nei Sprooch ze léieren, ass also ni ganz zou. D’Sprooch besteet aus enger ganzer Rei vu Beräicher – zum Beispill der Phonologie, dem
Vocabulaire oder der Grammatik –, déi sech all mat ënnerschiddleche Vitessen entwéckelen. D’Léiere vu Sproochlauter zum Beispill geet a jonke Joere méi einfach. Dofir kënne kleng Kanner dacks eng nei Sprooch ouni Accent léieren, wat Erwuessene schwéier fält. De Vocabulaire ass awer zum Beispill ee Beräich vun der Sprooch, deen iwwert d’ganzt Liewen op bleift. Et kann een also ëmmer nach nei Wieder léieren.
Zuelefërderung am Cycle 1 (Spillschoul) zu Mamer
Wéi fërdert Dir d'Zuelen am Cycle 1?
Eemol an der Woch ass e speziellen Atelier virgesinn, wou sech alles ëm d’Zuelen dréint. Am Zuelenhaus léieren d’Schüler op eng spilleresch a konkret Aart a Weis d’Nimm vun den Zuelen (“een”, “zwee”, “dräi”, “véier”, “fënnef”,…), d’Quantitéiten, déi se duerstellen (°, °°, °°°, °°°°, °°°°°,…), wéi se mat arabesche Symboler (1, 2, 3, 4, 5,…) notéiert ginn, an a wéi enger Reiefolleg d’Zuele kommen. Och kréien d’Schüler scho geometresch Figuren (Krees, Dräieck, Quadrat,…) virgestallt. Sou léieren d’Schüler zielen, an den Zesummenhang tëschent Zuelewuert, Quantitéit a Symbol ze maachen. Weider léiere si, Quantitéiten ze vergläichen (“Wou ass méi/manner?”). Am Ufank ziele mer zum Beispill, wéi vill Jongen a Meedercher am Grupp sinn, dës 2 Quantitéiten ginn da mat Bauklëtz vun ënnerschiddlecher Faarf duergestallt a mir kucken, ob méi Meedercher oder Jongen do sinn. An enger Aktivitéit schlüpft all Kand an d’Roll vun
enger bestëmmter Zuel a sicht all d’Material beieneen, wat bei dës Zuel passt. Hätt e Kand d’Zuel dräi, sicht et 3 Bäll, d’Symbol 3, a stellt sech op den Zuelenteppech mat den dräi Ecken. An der Aktivitéit mam Feelerdäiwel geet et drëm, d’Feeler ze verbesseren, déi de Feelerdäiwel gemaach huet. Wa beispillsweis bei der 3 nëmmen 2 Bäll géinge léien, muss d’Kand nees 1 derbäileeën. Ganz wichteg, fir d’Zuelequantitéiten an den Zielrythmus ze erschaffen, sinn d’Aktivitéiten um Zuelewee. Zum Ofschloss vum Atelier geet et an d’Zueleland, wou jeeweils eng Zuel thematiséiert gëtt (meeschtens gëtt eng Geschicht zu der jeeweileger Zuel erzielt). Materialien hu mir deelweis kaf a mat Naturmaterialien wéi Käschte kompletéiert.
Wee kënnt bei Iech?
All d’Schüler vum Cycle 1 (Spillschoul). Bei eis an der Schoul komme d’Schüler vum Cycle 1.1 an déi vum Cycle 1.2 getrennt a Gruppe vu Maximum 16-‐18 Kanner: déi méi jonk schaffe mat méi klengen Zuelen (vun 1 bis 5 a gesinn d’Zuele bis 10 um Zuelewee) an déi méi al schaffe mat méi groussen Zuelen (6-‐10 a gesinn d’Zuele bis 20 um Zuelewee). All Klass kënnt all Woch 1 mol an den Zuelenatelier.
Wéi ass déi Initiativ entstanen? Wéi laang gëtt et de Projet schonn?
Kolleginnen hu vum Projet “Entdeckungen im Zahlenland”, dee vum Prof. Preiβ entwéckelt ginn ass, héieren an hunn et esou interessant fonnt, dass si d’Material an d’Bicher kaf hunn. Dëst ass e kommerzielle Programm, deen awer am Moment nach net wëssenschaftlech validéiert ginn ass. Wéi dunn 2008/2009 d’Schoule vu Mamer all um neie Campus Kinneksbond zesummekomm sinn, gouf d’Zueleland gestaart. Bis haut profitéiert all Kand aus dem C1 (Spillschoul) dovun.
Wéi ass d'Finanzéierung assuréiert?
Vu dass Mamer an deene leschte Jore ganz staark gewuess ass, huet eisen Effektiv sech permanent erweidert. Amplaz eng nei Klass opzemaachen, hu mir op dës Zort vu systemateschem Appui gesat an d’Gemeng huet iwwert e Credit special eist Material finanzéiert.
Wat ass de Feedback vun den Elteren/Enseignanten?
Ech kréie positive Feedback vun Enseignante aus dem Cycle 2.1. Vun den Elteren héiere mer, datt d'Schüler och doheem dovunner schwätzen.
Gëtt et dat an anere Schoulen? Kënnen och Schüler aus anere Schoulen kommen?
Jo, dat gëtt et och an anere Schoulen, awer wahrscheinlech net genee an dëser Form. Well et während der Schoulzäit leeft, kënnen nëmme Schüler aus dem Cycle 1 (Spillschoul) vu Mamer kommen.
www.mamerschoulen.lu à Cycle 1 à Zuelwelt
Interview mam SCAP De SCAP, Service de Consultation et d’Aide pour troubles de l’Attention, de la Perception et du développement Psychomoteur, huet als Aufgab, Kanner a Jugendlecher mat spezifeschen (Schoul) Leeschtungsstéierungen ze hëllefen.
De SCAP ass vum Lëtzebuerger Aktiounskrees Psychomotorik (LAP, asbl) 1991 gegrënnt ginn, an ass säitdeem via dem Ministère de l’éducation conventionnéiert.
E multiprofessionnellt Team, dat aus Pädagogen/Heilpädagogen, Psychologen, Ergotherapeuten, Psychomotoriker, Motologen, Orthophonisten, Léiertherapeuten a SekretärInne besteet, bekëmmert sech ëm d’Kand oder de Jugendlechen an hir Famill, déi an de SCAP Hëllef siche kënnt.
Mir hunn eis mam Julia Kock getraff an hir e puer Froen iwwert d’Funktiounsweis vum SCAP a speziell iwwert hir Aarbecht als Psychologin gestallt.
Wee kënnt bei Iech? Kanner a Jugendlecher vu 4-‐18 Joer, déi Perzeptiouns–Defiziter (Wahrnehmungsstéierungen), psychomotoresch Opfällegkeeten oder en Opmierksamkeetsdefizit (Ad(h)d) hunn. Dozou gehéieren och Folge-‐Erkrankungen wéi Dyskalkulie, Sprooch-‐ a Schwätzopfällegkeeten an/oder psychologesch an emotional Verhalensopfällegkeeten.
Wéi kënnt ee bei Iech? Heiansdo iwwerweise Schoulen oder Psychologen d’Kanner heihin. Meeschtens ruffen d’Eltere selwer an d’Sekretariat un: si kréien da Froebéi geschéckt an een éischte Rendez-‐vous. Während dësem “Clearing”-‐ Termin gëtt eng Anamnèse gemaach an dono eng kuerz Testung. Wann d’Diagnos steet, da kann d'Berodung eleng fir Elteren a Léierpersonal sech schonn als ganz hëllefräich erweisen. Wat d’Therapie ugeet, hu mir leider eng Waardelëscht vun engem Joer.
Wat geschitt bei Iech? No der diagnostescher Ofklärung gëtt zesumme mat den Elteren a mam Kand e sonderpädagogische Fördervorschlag gemaach, wou eng multidisziplinär Approche am Virdergrond steet. Déi pädagogesch an therapeutesch Offer gëtt individuel un d’Besoine vum Kand ugepasst. Dobäi ass d’Zesummenaarbecht mat der Schoul, mat de Medeziner an anere Professionnelle besonnesch wichteg.
Eng psychologesch Betreiung gëtt besonnesch bei verhalensopfällege Kanner gefrot. Mir bidden och Bio-‐ an Neurofeedbacktraining un.
De Biofeedback erlaabt et, duerch d’Visualisatioun vun de kierperleche Reaktioune wéi Häerzschlag oder Schweess/Kierpertemperatur während Stress, Angscht oder awer och Agressivitéit, de Kanner/Jugendlechen hiert Verhale besser ze verstoen, an och ze léieren, dës Reaktiounen ze kontrolléieren. Den Neurofeedback gëtt bei enger Opmierksamkeetsstéierung agesat an erlaabt et, verschidde Gehiraktivatiounsmuster, déi typesch beim AdHD sinn, ze änneren, fir d’Opmierksamkeet ze verbesseren.
Wéi kann d’Fuerschung hëllefen? Mir géifen eis besonnesch an dem haitege multilinguale Kontext iwwert norméiert Tester op Lëtzebuergesch freeën. Eleng schonns bei den Intelligenztester si mer duerch d’Sprooch limitéiert.
Adresse, Kontakt? S.C.A.P. Strassen 1, Place Thomas Edison L-‐1483 Strassen Telefon: 264448-‐1 Fax: 264448-‐48 e-‐mail: scap(at)scap.lu www.scap.lu
Weider Copieë vun dëser Newsletter (an/oder déi vun de leschte Joër) kënnt Dir op eisem BLOG
(learningandresearch.wordpress.com) eroflueden oder einfach bei eis bestellen
+ learn@uni.lu
Gitt w.e.g. Ären Numm, Är Adress an d‘Unzuel vun Exemplären, déi dir bestelle wëllt, un.
Wann Dir intresséiert sidd mat eis ze schaffen, weider Froen hutt oder Äre Service wëllt virstellen, kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen.
Weider Informatiounen, wëssenschaftlech Publikatiounen zu eiser Fuerschung an eng franséisch Versioun vun dëser Newsletter fannt dir op eisem BLOG (learningandresearch.wordpress.com).
Mir soen dem Fonds National de la Recherche an der Universitéit vu Lëtzebuerg Merci, datt sie ons Fuerschung finanziell ënnerstëtzen.
ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden.
Sou Servicer fannt der op eisem BLOG (learningandresearch.wordpress.com). Di Lëscht ass à titre indicatif ze huelen, an net exhaustiv.
Text © LEARN
Images © Caroline Hornung, Carlos Tourinho, Pascale Engel de Abreu & Michel Brumat wann net anescht gekennzeechent.